Hëlleft mat, Artikelen ze schreiwen, ze verbesseren oder auszebauen: Moien un eis nei Mataarbechter - Éischt Schrëtt - Lëtzebuergesch schreiwen?

Stolpersteine ass e Projet vum däitsche Kënschtler Gunter Demnig. Et si kleng messengs Commemoratiounsplacken op bëtongs Wierfele vun 10 cm Längt, déi un Affer vum Nationalsozialismus erënneren. Si gi wéi Pavéssteng do, wou déi Leit fir d'lescht fräi gewunnt hunn, an de Buedem gesat.

Dem Demnig wëll domat deene Leit, déi an de Konzentratiounslageren zu Nummeren degradéiert goufen, hir Identitéit erëmzeginn. Och kréien sou déi abstrakt Zuele vu Millioune vun Doudegen duerch eenzel, individuell Schicksaler eng konkret Bedeitung. D'Steng leie riicht am Buedem, sou datt d'"Stolperen" symbolesch gemengt ass.

Et gi mëttlerweil iwwer 70.000 sou Steng a ronn 1500 Uertschaften, virun allem an Däitschland, ma och an 22 aneren europäesche Länner. Pro Joer kommen der eng 440 neier bäi. Zu Lëtzebuerg goufe bis ewell zu Bieles, Déifferdeng, Esch-Uelzecht, Gréiwemaacher, Helperknapp, Munneref a Réimech am ganzen 90 Stolpersteine verluecht, an zu Ettelbréck eng Stolperschwelle (Stand: Mäerz 2019)... > > méi

Aner Artikele vun der Woch
  • ... de lëtzebuergesch-amerikaneschen Erfinder a Science-fiction-Auteur Hugo Gernsback (1884-1967) sech a senge Geschichten eng ganz Rëtsch technesch Konzepter ausgeduecht huet, déi eréischt an de Joerzéngten duerno developpéiert konnte ginn?
  • ... ronn all zweete Vietnamees mam Familljennumm Nguyễn heescht?
  • ... den Zwergmammut (Mammuthus exilis) eng ausgestuerwe Mammutaart ass, déi sech op eng Insel zréckgezunn hat, an do am Laf vun der Evolutioun aus Mangel un natierleche Feinden a genuch ze friessen ëmmer méi kleng gouf?

Archiv

Op engem 2. Abrëll

Weist Äre Browser net den Datum vun haut? Da klickt hei!
Méi iwwer: ... den 2. Abrëll • ...soss en Dag • 2019
Archiv
De Schnuck Plein (2012).
> Éischter am Joer - änneren
Archiv

 Meta-Wiki  Koordinatioun     Commons  Medien     Wiktionnaire  Dictionnaire     Wikibooks  Wierker     Wikiquote  Zitater     Wikiversity  Léierplattform     Wikisource  Quellen     Wikinews  Noriichten    Wikidata  Wëssensdatebank     Wikivoyage  Reeseguide     MediaWiki  MediaWiki-Software     Wikispecies  Datebank fir all d'Liewewiesen

This article is issued from Wikipedia. The text is licensed under Creative Commons - Attribution - Sharealike. Additional terms may apply for the media files.