Jidderee kann hei matmaachen - och Dir!

Hëlleft mat, Artikelen ze schreiwen, ze verbesseren oder auszebauen: Moien un eis nei Mataarbechter - Éischt Schrëtt - Lëtzebuergesch schreiwen?
Abléckleche WikiProjet: Nei Schreifweis 2019.

Artikel vun der Woch

De Bësch zu Lëtzebuerg bedeckt eng Fläch vun 89.150 Hektar, dat si 34,3 % vun der Fläch vum Land.

Jee no Géigend weisen d'Bëscher typesch Charakteristiken op, an et kann ee se an dräi grouss Regiounen opdeelen: Déi héich Ardenne mat Bichebëscher, d'Tëschenzon mat verschiddene Bëscher, an de Museldall mat sengen thermophile Bëscher.

70 % vun de Beem an de lëtzebuergesche Bëscher si Lafbeem, wourënner Bichen (29,9 %) an Eechen (28,1 %) déi geleefegst sinn. Vun den Nolebeem ass d'Fiicht mat 22,9 % déi heefegst Aart. Nieft deenen dräi Aarte sinn eng grouss Zuel un anere Bamzorten an de lëtzebuergesche Bëscher ze fannen, notamment den Alenter, d'Hobich, d'Vullekiischt, d'Lann oder de Spirebam.

Am 1. Joerhonnert v. Chr. huet de Bësch vum haitege Lëtzebuerg zu engem zesummenhängende grousse Massiv gehéiert, dat sech vu Reims bis op Köln gezunn huet. Eng ronn 150 Joer duerno ware scho grouss Deeler tëscht de Vogesen an den Ardennen net méi matenee verbonnen... > méi

Aner Artikele vun der Woch

Wousst Dir schonn datt...

  • … de lëtzebuergesch-franséischen Naturfuerscher an Entdeckungstreesender Guillaume Capus (1857-1939) annerhalwe Mount am Norde vun Afghanistan vun engem Stamm festgehale gi war, an eréischt op interventioun vum Vizekinnek vun Indien fräikomm ass?
  • ... den Zolwerknapp en Zeiebierg ass; d. h. en Hiwwel, deen op senger Kopp Reschter vun enger méi haarder Gestengsschicht huet, wéi déi ronderëm, déi erodéiert ass?
  • ... de Victor Tedesco (1821-1897) aus der Stad Lëtzebuerg an der Belsch wéinst Opruff zur Revolutioun zum Doud verurteelt gouf, spéider awer Affekot, Gemengerot a Provënzialrot zu Arel war?

Archiv

Op engem 10. Juli

Net den Datum vun haut? Klickt hei fir Äre Cache eidel ze maachen oder mellt Iech un!
Méi iwwer: ... den 10. Juli • ...soss en Dag • 2020
Archiv

Kierzlech Verstuerwener

Éischter am Joer - änneren

E Bléck op...

Archiv

Aner Wikimediaprojeten

 Meta-Wiki  Koordinatioun     Commons  Medien     Wiktionnaire  Dictionnaire     Wikibooks  Wierker     Wikiquote  Zitater     Wikiversity  Léierplattform     Wikisource  Quellen     Wikinews  Noriichten    Wikidata  Wëssensdatebank     Wikivoyage  Reeseguide     MediaWiki  MediaWiki-Software     Wikispecies  Datebank fir all d'Liewewiesen

This article is issued from Wikipedia. The text is licensed under Creative Commons - Attribution - Sharealike. Additional terms may apply for the media files.