Hëlleft mat, Artikelen ze schreiwen, ze verbesseren oder auszebauen: Moien un eis nei Mataarbechter - Éischt Schrëtt - Lëtzebuergesch schreiwen?

D'Aprikos, ass d'Fruucht vum Aprikosebam (Prunus armeniaca) aus der Gattung Prunus an der Famill vun de Rosaceae.

Dës Steefruucht kënnt ursprénglech aus Nordost-China, vu wou se no Westen hi verbreet gouf. Den Numm vun der Spezies Armeniaca weist drop hin, datt et d'Géigend vum haitegen Armenien war, vu wou se zur Réimerzäit via Griicheland am Mëttelmierraum an a Südeuropa verbreet gouf. Méi spéit war et virun allem am ungaresche Flaachland, wou Aprikose gezillt goufen. Hautdesdaags ginn an Europa d'Aprikose virun allem a Spuenien an an Italien gezillt. D'Tierkei (absënns d'Provënz Malatya) produzéiert 85 % vun der Weltproduktioun vu gedréchenten Aprikosen an Aprikosekären.

D'Aprikosebeem gi gewéinlech 6 m, alt bis zu 10 m héich. D'Schuel vum Stamm ass glat a blénkeg roudelzeg-brong. D'Blieder si 5 bis 10 cm laang, 3 bis 7 cm breet, gréng gefierft, breet eefërmeg bis ronnelzeg oval, an uewe spatz... > méi

Aner Artikele vun der Woch
  • ... am Joer 1957 an der Stengeforter Schmelz 10.041 Tonne Phenol produzéiert goufen?
  • ... d'Drëttel-Regel an der Fotografie dora besteet, datt de 'Bléckfank' vum Bild op enger Intersektioun vun den horizontalen a vertikale Linne vu jee engem Drëttel vum Bild ass?
  • … am Arno Schmidt sengem Roman Abend mit Goldrand eng ganz Rei Beschreiwungen iwwer Lëtzebuerg stinn, obwuel de Schmidt ni e Fouss an d'Land gesat huet?
  • ... den Amazonas 190 km vum Pazifik ewech seng Quell huet, ma da méi wéi 6000 km queesch duerch Südamerika leeft, fir dann an den Atlantik ze lafen?
  • ... déi zwéin Detektiven an Dem Tintin senge Geschichten, am Original Dupont et Dupond, an de lëtzebuergeschen Iwersetzunge Biwer a Biver heeschen?

Archiv

Op engem 10. Mee

Weist Äre Browser net den Datum vun haut? Da klickt hei!
  • 1774: Doud vum Louis XV.; de Louis XVI. gëtt Kinnek vu Frankräich.
  • 1871: De Fridde vu Frankfurt mécht dem Franséisch-Preisesche Krich en Enn. Frankräich muss d'Elsass an Deeler vu Loutrengen oftrieden.
  • 1899: Gebuert vum amerikanesche Schauspiller an Dänzer Fred Astaire.
  • 1927: De lëtzebuergesche Politiker Marcel Mart kënnt op d'Welt.
  • 1930: Den US-amerikanesche Physiker a Nobelpräisdréier George E. Smith gëtt gebuer.
  • 1940: Däitsch Truppe marschéieren an Holland, der Belsch an a Lëtzebuerg an; d'Grande-Duchesse Charlotte an d'Regierung ginn an den Exil.
  • 1944: Gebuert vun der franséischer Schauspillerin a Regisseurin Marie-France Pisier.
  • 1994: Den Nelson Mandela gëtt President vu Südafrika.
Méi iwwer: ... den 10. Mee • ...soss en Dag • 2019
Archiv
  • 01. Mee: Alessandra Panaro, italienesch Schauspillerin.
  • 30. Abrëll: Anémone, franséisch Schauspillerin; Peter Mayhew, englesch-US-amerikanesche Schauspiller.
  • 29. Abrëll: John Llewellyn Moxey, britesche Filmregisseur.
  • 26. Abrëll: Ellen Schwiers, däitsch Schauspillerin.
> Éischter am Joer - änneren
… d'Uelzechtbréck zu Hesper, mat der Buerg an der Kierch.
Archiv

 Meta-Wiki  Koordinatioun     Commons  Medien     Wiktionnaire  Dictionnaire     Wikibooks  Wierker     Wikiquote  Zitater     Wikiversity  Léierplattform     Wikisource  Quellen     Wikinews  Noriichten    Wikidata  Wëssensdatebank     Wikivoyage  Reeseguide     MediaWiki  MediaWiki-Software     Wikispecies  Datebank fir all d'Liewewiesen

This article is issued from Wikipedia. The text is licensed under Creative Commons - Attribution - Sharealike. Additional terms may apply for the media files.